Natural Cycles NC Thermometer Gen 2 Instrucciones De Uso página 96

Tabla de contenido

Publicidad

Idiomas disponibles
  • ES

Idiomas disponibles

  • ESPAÑOL, página 51
BATTERIEUSIICHT/BATTERIEWIESSEL
Den Apparat gëtt mat enger Lithiumbatterie vum Typ CR2032 ekipéiert.
Wa wärend der Benotzung vum Thermometer d'Batte-
riesymbol um Display blénkt, ass d'Batterie schwaach
(Bild 1). Du kanns nëmmen nach e puer Temperaturm-
iessungen duerchféieren, sollts awer schonn eng Er-
satzbatterie bereethalen.
Wiessel d'Batterie,
wann nom Aschalten d'Usiicht „Batterie eidel" (Bild 2)
um Display erschéngt. Du kanns elo keng Tempera-
turmiessunge méi duerchféieren, bis Du eng nei Bat-
terie agesat hues.
wann trotz dem Drécken vun der Un-Aus-Tast keng
Usiicht um Display erschéngt.
Entrigel de Batteriefachdeckel, an-
deem s Du en iwwer d'Markéierung
ewech no lénks dréis, an hief en op.
Huel déi al Batterie eraus a setz
eng nei Batterie (CR2032) mam
Zeechen „+" no uewen an.
Setz de Batteriefachdeckel nees
drop a verrigel en.
Nom Batteriewiessel muss sech
den Thermometer eemol mat der App Natural Cycles verbannen, fir datt
Datum an Auerzäit nees synchroniséiert kënne ginn. Maach dozou d' A pp
LU
Natural Cycles op a schalt den Thermometer an. Virdru si keng nei Tempe-
raturmiessunge méiglech.
Schonn am Apparat gespäicherte Moosswäerter bleiwe beim Batteriewies-
sel erhalen.
APPARATWIESSEL
Jiddwer NC° Thermometer (Gen 2) huet eng eenzegaarteg Signatur, déi
engem bestëmmte Benotzer zougeuerdent ass. Dës Zouuerdnung erfollegt
wärend der Éischtabetribnam bei der éischter Synchronisatioun mat der
App Natural Cycles.
LU-190
Bild 1
Bild 2
Batteriefach-
Batteriefach-
deckel verrigelt
deckel entrigelt
Sollt däin Apparat verluer goen oder defekt sinn, hues Du d'Méiglechkeet,
dengem Benotzerkont en neien NC° Thermometer (Gen 2) zouzeuerdnen.
Wiessel dofir an den Haaptmenü vun der App Natural Cycles a befolleg
d'Uweisungen.
Beuecht wgl.: Wann s Du den Apparat bannent engem Zyklus auswiessels,
gëtt den aktuellen Zyklus an der App Natural Cycles inaktiv. Zu denger Sé-
cherheet akzeptéiert d' A pp bannent engem Zyklus nëmme Moossdate vun
engem eenzegen Apparat.
FEELERMELDUNGEN
Déi gemooss Temperatur läit iwwer 43,99 °C an dohier baus-
sent dem Moossberäich.
Déi gemooss Temperatur läit ënner 32,00 °C an dohier baus-
sent dem Moossberäich.
D'Ëmgéigendtemperatur läit iwwer 40,00 °C an domat baus-
sent den zoulässege Betribsbedéngungen.
D'Ëmgéigendtemperatur läit ënner 10,00 °C an domat baus-
sent den zoulässege Betribsbedéngungen.
Féiweralarm. Erhéicht Temperatur ab 37,5 °C gemooss.
De Späicher vum Apparat ass voll. Verbann den
Thermometer mat der App Natural Cycles, fir
d'Moosswäerter un d' A pp ze iwwerdroen.
Batterie schwaach. Hal eng Ersatzbatterie bereet.
Batterie eidel. Wiessel wgl. d'Batterie.
Keng Usiicht nom Aschalten. Préif de korrekte Sëtz an d'Pola-
ritéit (+/-) vun der Batterie. Wann de Feeler weiderhin optrëtt,
Batterie wiesselen.
LU
LU-191

Publicidad

Tabla de contenido
loading

Tabla de contenido