De Regulator Uschléissen; Regelméisseg Kontrollen A Maintenance - ROSHULTS BBQ GRIL 300 GAS Manual Del Usuario

Tabla de contenido

Publicidad

Idiomas disponibles
  • ES

Idiomas disponibles

  • ESPAÑOL, página 50
De Regulator uschléissen (Drockreduzéierungsventil)
• Iwwerpréift ëmmer den Dichtungsrank vum Gaszylinderventil, éier Dir de Regulator zesummebaut.
• Schrauft de Regulator an de Gaszylinder mat der Hand zesumme mat Hëllef vun der lénker Mudder um Regulator. OPGEPASST W.E.G.!
Gebraucht keen Handwierksgeschir!
• D'Schlauchklammer festmaachen an dann op de Schlauch drécken an en dréinen, fir en an den Uschlossnippel vum Regulator ze stiechen.
D'Schlauchklammer fest unzéien.
• Iwwerpréiwen, ob all d'Uschlëss dicht sinn, andeems Dir se mat Seefewaasser areift. Falls Blosen entstinn, ass eng Fuite do. An dësem
Fall musst Dir de Gas um Zylinder zoudréien an d'Fuite flécken. Widderhuelt de Prozess an iwwerpréift d'Uschlëss nach eng Kéier mat
Seefewaasser, bis Dir sécher sidd, dass all d'Uschlëss dicht sinn.
De Grill ufänken
Benotzt de Gasgrill ni ouni virdrun iwwerpréift ze hunn, dass all d'gasfördernd Deeler ganz an dicht sinn. Hei ënne fannt Dir d'Uweisungen, fir de
Grill unzefänken.
1. Maacht ëmmer den Deckel beim Ufänken op.
2. Dréit de Ventil vum Gaszylinder op.
3. Dréckt de Knäppchen an an dréint en e ¼ Tour, während Dir de Brenner umaacht.
4. Benotzt Är aner Hand, fir de Startknäppchen ze drécken, deen sech vir ënnert dem Grill befënnt. (Et gëtt e separate Startknäppche fir jiddwer
Brennerkoppel)
5. Haalt de Knäppchen e puer Sekonne gedréckt, setzt dann d'Temperatur fest, andeems Dir de Knäppchen op déi gewënscht Temperatur dréint.
6. Widderhuelt d'Prozedur hei uewe mat de Knäppercher vun all Brenner, fir méi Brenner unzemaachen.
7. Dréint de Krunn vum Gaszylinder zou, wann Dir d'Brenner ausmaache wëllt. Waart, bis dass d'Flamen aus sinn an dréint dann de Knäppche fir
all Brenner op d'Positioun aus.
Opgepasst!
Benotzt de Grill net mat zouenem Deckel wann d'Temperatur iwwert 250°C ass. Dëst kéint eng schwéier Beschiedegung vum Grill an eng
Verfierwung verursaachen.
Opgepasst!
Benotzt gëeegent Material, wann Dir waarmt Iessen oder waarm Deeler vum Grill upaakt.
Opgepasst!
Benotzt NI Waasser, fir Feier oder Gasflamen am Grill auszemaachen, dëst kéint de Grill schwéier beschiedegen an och zu
Kierperverletzunge féieren.
Opgepasst!
Benotzt de Grill ni an zouen oder iwwerdaachte Raim.
Opgepasst!
Loosst de Grill ni oniwwerwaacht, wann en am Gebrauch ass, an haalt Kanner an Hausdéieren op eng sécher Distanz vun de waarmen
Deeler vum Grill ewech.
Regelméisseg Kontrollen a Maintenance
Gaszylinder
• Biet Äre lokale Verkeefer/Händler drëms, de Gaszylinder all Kéiers z'iwwerpréiwen, wann Dir e wiesselt oder opfëllt.
Schlauch a Regulator
• Gummi huet eng limitéiert Liewensdauer an notzt mat der Zäit of. Béit de Schlauch an ersetzt en direkt, wann Dir Rëss am Gummi feststellt!
• Iwwerpréift de Gummidichtungsrank um Uschloss, deen un de Gaszylinder ugeschrauft ass, fir sécher ze goen, dass en net gerass oder
ausgedréchent ass.
Brenner
• Dréint de Knäppchen op Maximum a verbrennt all d'Fett- oder Uelechreschter während fënnef Minutten, nodeems Dir gekacht hutt.
• No all Benotzung vum Grill, sollt Dir d'Brenner wéi hei uewe beschriwwe botzen - Iwwerreschter vu Marinaden an Uelech/Fett kënnen d'Deeler
aus Metall vum Grill beschiedegen.
• D'Lächer vun de Brenner kënne mat engem Päifebotzer oder ähnlech gebotzt ginn.
Inoxgitteren
• Botzt d'Grillgitteren, andeems Dir nom Kachen de Brennerknäppchen op Maximum dréint an d'Fett- an Uelechreschter während fënnef Minutte
verbrenne loosst. Benotzt eng Gitterbiischt oder eppes ähnleches fir besonnesch haartnäckegen Dreck ewechzekrazen.
• Spullt d'Gittere mat waarmem Waasser a Spullmëttel ee bis zwee mol d'Saison.
OPGEPASST W.E.G.! Benotzt KENG Léisungsmëttelen!
Grilldeeler
• Benotzt ee Schaber aus Plastik oder aus Holz fir d'Fett/den Uelech bannen am Grill ewechzekrazen. Seefewaasser an e Schwämmche si gutt fir
e méi grëndleche Botzvirgank. Et ass wichteg, sécher ze goen, dass weder de Regulator, nach d'Ventiler naass ginn.
• Et ass wichteg, de Grill bannendra propper ze halen, well soss de Risiko besteet, dass Fett- oder Uelechreschter sech entzünden.
Opfänkbehälter
• Iwwerpréift de Sand am Opfänkbehälter regelméisseg, fir sécher ze goen, dass en dréchen a propper ass. Ersetzt den Sand falls néideg.
(Benotzt renge Sand oder Kazesand)
Baussen/Rumm vum Grill
• Benotzt Seefewaasser, fir de Grill bausserëm ze botzen an dréchent en dann of, fir sécher ze goen, dass keng Iwwerreschter vu Marinaden oder
Fett-/Uelechreschter méi dru sinn, déi de Grill beschiedege kéinten.
All manuals and user guides at all-guides.com
LX
5

Publicidad

Tabla de contenido
loading

Este manual también es adecuado para:

Bbq gril 200 gasBbq gril 100 gas

Tabla de contenido